Stater Gemengerot: Just d’ADR huet eng kloer Linn

De Stater Gemengerot hat de 26. Juni 2017 eng Sëtzung  iwwert d’Schoulorganisatioun 2017/2018. Dobäi gouf dann och alt nees iwwert de Problem mam Kontingent diskutéiert. De ganze Stater Gemengerot beschwéiert sech iwwert d’Kontingent-Situatioun. Domat gëtt d’Hypokrisie vun de Majoritéitsparteien nach emol kloer. Dës stëmmen eng Motioun an der Chamber, déi hirem Uleien zegutt komm wier, mat Nee, just well d’Solutioun vun engem ADR-Deputéierte gefuerdert gouf. D’Stater Gemengen-Conseillère Marceline Goergen (ADR) huet sech et net huele gelooss, fir de Gemengerot op dësen Ëmstand hinzeweisen an huet un déi noutwendeg Seriositéit appelléiert. D’Parteipolitik dierft enger Solutioun, déi de Schoulkanner an dem Léierpersonal weiderhëlleft, net am Wee stoen. An enger Pressematdeelung gëtt de Kontext méi konkret beliicht.

 

 

Deel dëse Post: