Stad: Schoulorganisatioun 2014 – 2015

Hei ass eng Zesummefaassung vun der Ried vun der ADR-Conseillère Marceline Goergen iwwert Schoulorganisatioun vun der Stad Lëtzebuerg, déi d’ADR net mat gestëmmt huet.

D’Marceline Goergen huet schonns oft drop higewisen dass Waardelëschten an de Dagesfoyeren onbedéngt missten erof goen. Dëst Joer sinn duebel esouvill Kanner déi net kënnen an engem Dagesfoyer opgeholl wéi d’lescht Joere, wëll d’Gemeng net genuch Personal an och net genuch Gebaier huet fir déi Kanner ënner ze bréngen. Dës weidere geet et ëmmer méi schwéier Schoul ze hale fir eist Léierpersonal.

Et gi Schoule mat 224 Kanner z.B. um Kierchbierg wou keen Educateur/trices zur Verfügung steet wann e Kand eng Auszäit vun der Stonn brauch. Duerch de Kontingent vu Stonnen, déi de Ministär geneemegt, kënne mir als Gemeng och kee weider Léierpersonal astellen. Awer am Schoulgesetz vun 2009 am Artikel 76 steet net explizit dran dass d’Gemeng net däerf zousätzlech Educateuren/trices astellen ebe fir dem Léierpersonal ze ënnerstëtze wann se gebraucht ginn. D’Motioun déi reng op Fakte baséiert ass déi genau dat fuerdert eben dass d’Gemeng zousätzlech Personal astelle soll ass vun der Majoritéit ofgeleeënt a CSV-LSAP-LENK hunn sech enthalen.

Do freet en sech ëm wat dass et hei geet. Ganz sécher NET ëm all Schoulkanner a scho guer net ëm Ënnerstëtzung fir Léierpersonal. Bei de Classes Accueil ass et genau dat selwecht. Jidderee kräischt dass se vun der aler Regierung an zwar vun der LSAP lescht Joer einfach ëm gekippt ginn ass awer keen ënnerhuelt eppes fir dass d’Classes Accueil erëm agefouert ginn. Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet dozou eng Propositioun de Loi an der Chamber deponéiert.

D’Schoulorganisatioun ass al déi Joeren esou schéi geriet ginn, datt et Usus war dofir ze stëmmen. Well awer d’Defiziter ëmmer méi grouss ginn, esou wuel wat de reng Schoulstonnen ugi wéi och den Encadrement, huet d’Conseillère Marceline Goergen sech bei der Schoulorganisatioun 2014-2015 enthalen a wäert d’Entwécklungen, op kommunalem wéi op nationalem Plang, kritesch begleeden.

Deel dëse Post: