„Staatstrojaner“: wéini, wou a wien?

print

De Geheimdéngscht huet „Staatstrojaner“ agesat fir Leit auszespionéieren. Déi heemlech Computerprogrammer ginn ageschleist, ouni datt de Besëtzer vum Rechenr eppes mierkt. D’Rechtslag ass onkloer, esou onkloer, datt de fréiere Premier Jean-Claude Juncker versprach hat, hiere Gebrauch ze ënnerbannen. Duerno si se awer nees fir de Geheimdéngscht autoriséiert ginn. De Gast Gibéryen freet an enger parlamentarescher Fro „Wéini, wou a vu wiem?“ Ëmmerhin ass déi lescht Regierung vum Här Juncker jo iwwer e Geheimdéngschtskandal gefall, also sollt Gambia grad do transparent sinn, wéi versprach. Mä d’Äntwert ass, wéi bal ze erwaarden, kee Beispill fir Transparenz bei Geheimdéngschtpraktiken.