A senger Chamber-Interventioun vum 31. Mee huet de Roy Reding sech erfreet gewisen, datt duerch d’Reform vum Staatsrot endlech der Representativitéit vun de Parteie Rechnung gedroe gëtt. Trotzdeem ernimmt den Deputéierten eng Rei vu wichtege Kritikpunkten, déi et der ADR onméiglech maachen, dëser Reform zouzestëmmen: Déi onsäglech Fraequot, wéinst der den ADR-Generalsekretär Alex Penning net an de Staatsrot genannt gouf, bleift weider bestoen. Desweidere kann duerch déi Reform net garantéiert ginn, datt den Equiliber vun de Pouvoire bestoe bleift. De Pouvoir, Memberen an de Staatsrot ze ernennen, soll dem ADR-Riedner no, eleng bei der Chamber leien an net zum Deel bei der Regierung a beim Staatsrot, ewéi dat och no der Reform de Fall wäert sinn. E weidere Kritikpunkt vum Roy Reding war d’Incompatibilitéit vu verschiddene Funktiounen mat enger Plaz am Staatsrot, och hei stellt sech de Problem, datt et zu engem Desequiliber bei der Trennung vun de Pouvoire komme kann. Den ADR-Deputéierten hält och fest, datt déi streng Kontroll vun der Verfassungskonformitéit elo opgeweecht gëtt.
- Kuckt hei dem Roy Reding seng Interventioun an der Chamber (Video, 5’50”).
- D’ADR as frou, datt der Representativitéit vun de Parteien am Staatsrot endlech Rechnung gedroen gëtt (Video, Ausschnëtt, 0’45”).
- D’ADR schwätzt sech géint eng Fraequot am Staatsrot aus (Video, Ausschnëtt, 1’16”).