Bei den Debatten an der Chamber iwwer d’Staatsbeamtereform huet d’ADR bei eenzelne Gesetzer dergéint gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet erklärt firwat an och eng Motioun ofginn (eis Photo), fir dass d’Härtefäll an eenzelne Staatskarriere solle finanziell analyséiert an esou séier wéi méiglech geregelt ginn. Fir de Fernand Kartheiser an d’ADR sinn et déi Ongerechtegkeeten an Härtefäll, déi wichteg sinn. Eng Erhéijung vum Punktwäert, esou wéi se de 24. Mäerz gestëmmt ginn ass, ass guer net opportun, wann e Staat schonns all Joer 1 Milliard Euro Schold mécht.
D’ADR hätt bei enger Reform Wäert geluet op Punkte wéi d’politesch Neutralitéit vum Staatsbeamten, der Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen am Staatsdéngscht, der Wichtegkeet, dass Lëtzebuerger de Staatsapparat stellen, kengem ze grousse Staatsapparat, dofir awer engem op héijem Niveau, dee qualitativ gutt Aarbecht ka maachen. Déi Punkte wären och duerch d’Aféierung vum Auslännerwalrecht an duerch de schlëmmen Niveau vun der Schoul a Gefor. D’ADR ass och géint d’Bewäertung vun de Fonctionnairen a géint déi Deeler am Gesetz, déi erlaben, héich Beamte sang- a klanglos ofzesetzen. De Fernand Kartheiser huet eng hallef Stonn laang op d’Kontradiktiounen am Gesetz higewisen. Dozou gehéieren och d’Kontradiktioune vun den eenzelne Parteien. D’CSV an och d’DP an déi Gréng hunn dacks de Contraire vun deem gesot, wat se haut soen, nodeems se d’Rollen vun Oppositioun a Regierung getosch hunn. Mä besonnesch um Häerz louchen him d’Härtefäll, déi et scho jorelaang gëtt, an déi och an dëser Reform lénks leie gelooss gi sinn. Den ADR-Deputéierten nennt do d’Proffen, d’Educateuren, d’Poliss an d’Chargéen, mä et gëtt och nach aner Kategorien, déi vum Staat als Patron ongerecht a respektlos behandelt ginn. Begleet gouf seng Ried virun der Chamber vun de Proadrer vu ville vun deenen Härtefäll, déi d’Reform net berücksichtegt.