Staat däerf net Kanner erzéien!

D’Erzéiung vun de Kanner ass e Recht an e Privileeg vun den Elteren. De Staat huet hei héchstens eng subsidiaresch Funktioun, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 5. Juli. D’Erzéiung däerf deemno net ënnert de Volet vun der Educatioun fale mee ënnert de Volet Familljepolitik. D’ADR schwätzt sech dësweidere kloer géint déi an dësem Gesetzestext proposéiert multilingual Fréierzéiung aus. Dëst féiert zu enger Integratioun vun auslännesche Kanner, déi (nach) net lëtzebuergesch schwätzen an och kee franséischsproochegen Hannergrond hunn. Den ADR-Deputéierte betount, datt déi multilingual Fréierzéiung eng Barrière fir eng richteg Integratioun iwwert de Wee vum Léiere vun eiser Nationalsprooch Lëtzebuergesch ass. 

Deel dëse Post: