Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.
1: Transparenz an de Staatsfinanzen
All Mount Verëffentlechung:
- vun de Recetten an den Depensen am Verglach mam Virjoer a mam Budget;
- vun der Tresorerie (Liquiditéitssituatioun);
- vun der Staatsschold;
- vun der finanzieller Situatioun vun de Spezialfongen;
- vun de Steierrecettë pro Aktivitéitssecteur;
- vun de Beträg, déi d’Steierverwaltung an den Enregistrement u Remboursementer schëlleg ass.
2: Spuere beim Staat
- Aschreiwe vun der Scholdebrems an d’Verfassung;
- Fir all gréissere Projet muss dem Parlament eng extern Bewäertung agereecht ginn iwwert d’Noutwennegkeet, d’Zweckméissegkeet an d’Käschteneffizienz;
- Aschränkung vun de sougenannten „crédits non limitatifs et sans distinction d‘exercice“;
- Verwaltungskäschten drastesch reduzéieren (iwwert d’Hëllef vun „Audits externes“);
- Duerchforste vu Subventiounen a Subsiden;
- Reduzéiere vun de Publizitéitscampagnë vun den eenzelne Ministèren;
- D’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum „revenu interne brut“ (RIB) zeréckféieren;
- Ministèren a Verwaltungen, déi reng ideologescher Natur sinn oder där hiren Notzen net erkennbar ass, ginn ofgeschaf oder an aner Verwaltungen integréiert a rationaliséiert;
- Neiverhandlung vun de finanzielle Bäiträg an internationalen Organisatiounen;
- Schluss mam Dropmaache vu Budgetskreditter, déi um Enn vum Joer net ganz opgebraucht sinn;
- Keng weider Transferten an d’Ausland am Kader vum Klimaschutz;
- Kampf géint de Mëssbrauch am Beräich vun de Sozialleeschtungen.
3. Projeten, déi definitiv gestrach musse ginn
- Den Tram duerch d‘Stad
- De Militärfliger A 400 M
- Transportsystem E.go
4. Projeten, déi zeréckgesat musse ginn
- Déi 3. Spuer vun der Autobunn Stengefort – Diddeleng;
- Sämtlech Investitiounen an Infrastrukture mussen no Prioritéiten opgestallt an zäitlech esou realiséiert ginn, datt se de budgetäre Méiglechkeeten entspriechen.
5. Sozial- a steierpolitesch Moossnamen
- Nullronn am ëffentlechen Déngscht;
- Tubak an Alkohol aus dem Indexwuerekuerf huelen;
- D’ADR ass fir d’Bäibehale vun den Ënnerstëtzungsmoossnamen (Kanner-geld, Kannerbonus, Chèques-service…) fir d’Familljen, dës sollen awer regroupéiert ginn an d’sozial Selektivitéit gëtt iwwert d’Steiere realiséiert;
- D’ADR ass géint eng nei Krisesteier an eng Erhéijung vun der TVA
- D’ADR ass fir eng Finanztransaktiounssteier, awer nëmmen op weltwäitem Niveau;
- Datselwecht gëllt fir eng Kerosinsteier fir d’Aviatioun;
- De Staat soll sech op seng Käraufgabe konzentréieren;
- Am ëffentlechen Déngscht sollen nëmme méi déi Posten nei besat ginn, déi onbedéngt musse besat sinn;
- De „changement d’administration“ muss méi wäit opgemaach ginn.