Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy an Jeff Engelen.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister an un d’Madamm Minister fir Gläichstellung a Diversitéit weiderzeleeden.
De fréieren Här Sportminister hat a senger Äntwert op d‘parlamentaresch Fro Nr. 8041 vum honorabelen Deputéierte Jeff Engelen gesot, datt Athletinnen no hirem Congé de maternité, déi op den héchste Sportniveau zréckkomme wëllen, sech un den LIHPS (Luxembourg Institute for High Performance in Sports) wende sollen. An der selwechter Äntwert huet hie preziséiert, datt den LIHPS en eegene Service dofir huet.
Am Artikel ,,Mandy Minella ist für Mütter im Spitzensport ein Vorbild” (Luxemburger Wort vum 18.06.2025) gëtt allerdéngs drop higewisen, datt Fraen hir Sponsore verléieren oder hir finanziell Ënnerstëtzung gestrach kënne kréien.
An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d‘Regierung:
- Kann d’Regierung preziséieren, ob d’Kompetenze vum LIHPS nach ëmmer bestinn? Wa jo, kann d’Regierung eis d’Zuel vun den Athletinnen uginn, déi den LIHPS bis elo consultéiert hunn?
- Goufen dem LIHPS nei Kompetenze bäigefüügt?
- Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir gläichberechtegt Chancen tëscht Athletinne mat Kanner an Athletinnen ouni Kanner op hirem Wee an den Elittesport ze garantéieren?
- Gëlle spezifesch Hëllefen (Kannerbetreiung, finanziell Ënnerstëtzung, flexibel Aarbechtszäiten) fir Elitteathletinnen virun, wärend an no der Schwangerschaft?
- Plangt d’Regierung am Hibléck op de Sponsoring vun Elitteathletinnen e Wee ze fannen, fir si duerch hir Entscheedung, Mamm ze ginn, virum Verloscht vun hire Sponsoren ze schützen?
- Wéi fërdert d’Regierung Athletinne mat Kanner a Kommunikatiounscampagnen a bei nationale Sportsevenementer?
Mat déiwem Respekt,