Sport: Eng Schoul fir d’Liewen!

Sport bedeit Teamgeescht, Fairplay, Schaffe fir den Erfolleg an Disziplin léieren – eng Schoul fir d’Liewen! An deem Kontext brécht den ADR-Deputéierte Roy Reding a senger Interpellatioun vum 27. Februar iwwert de Sport zu Lëtzebuerg eng Lanz fir déi dréngend noutwenneg Investitiounen a sportlech Infrastrukturen an an dat néidegt Personal. De Sport, ewéi dat och am Beräich vun der Kultur de Fall ass, stéisst un d’Grenze vum Benevolat. Et feelen a ville Gemengen déi néideg Infrastrukture fir kënne Kompetitiounen auszedroen, am schlëmmste Fall sinn dës Infrastrukturen einfach inexistent. En Aarmutszeugnis fir eis Regierung, déi op der anerer Säit scheinbar onbegrenzt finanziell Mëttelen huet, fir an onsënneg ideologesch Projeten ze investéieren. (Extrait 1’14”).

De Roy Reding fënnt et dann och onverantwortlech, datt Leit, déi aus prekäre finanzielle Verhältnisser kommen an awer sportlech aktiv wëlle sinn, net mol déi néideg Zomm zur Verfügung gestallt kréien, fir sech wéinstens den Equipement kafen ze kënnen. Den ADR-Deputéierte setzt sech zanter Joren dofir an, datt och eis sozial méi schwaach Matbierger an de Genoss vu sportlechen Aktivitéite kommen. (Extrait 0’59”).

Deel dëse Post: