Spoliatiounen am Zweete Weltkrich: E Monument fir d’jiddesch Affer?

De Fernand Kartheiser hat eng parlamentaresch Fro gestallt iwwer de Stand vun der Ermëttlungen bei der Spoliatioun. Et geet dobäi em d’Verméigen, wat jiddesch Familljen am Zweete Weltkrich hei am Land gestuel kritt hunn. E Rapport heiriwwer ass scho méi laang um Internet ëffentlech. Awer a Buchform ass e nach net verëffentlecht. D’Recommandatiounen vun deem Rapport ginn awer a Kontakter tëscht der Regierung an dem Consistoire israélite no a no opgeschafft, heescht ët an der Äntwert vum Premier Xavier Bettel. Geplangt ass besonnesch eng “Fondation de la Mémoire de la Shoah” mat Suen, déi nach haut op Bankkonte leien a nët méi reklaméiert gi sinn.

Deel dëse Post: