Spidolsplang a Gesondheetspolitik (VIDEO)

E Mëttwoch, den 19. November 2014, huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen Positioun bezunn zum Spidolsplang a méi allgemeng zur Gesondheetspolitik. Nieft der Skepsis zum Spidolsplang selwer, wou d’Prozedur schonns esou wäit gelaf ass, datt d’Chamber kaum nach kann drop Afloss huelen, huet de Gast Gibéryen och e puer méi speziell Punkten opgezielt.

D’ADR fuerdert, datt d’Lëtzebuerger Sprooch d’Ëmgangssprooch an de Spideeler muss sinn, esou wuel mat de Patiente wéi och ënnert dem Personal an ënnert den Dokteren. De Gast Gibéryen huet op déi vill ze vill laang Delaien opmierksam gemaach, bei en Analysen an dem neiem Staatslaboratoire. Och ass et net an der Rei, datt ee muss laang waarde fir an den Urgencen am Spidol un den Tour ze kommen.

Deel dëse Post: