Spideeler: Drastesch Präiserhéijunge beim Parking

Onzoumuttbar Waardezäiten an den Urgence vun de Spideeler si leider näischt Neies. Datt een neierdéngs fir dës Waardezäiten ëmmer méi déif an d’Täsch gräife muss, sprengt dem Faass allerdéngs de Buedem aus: An der Lescht sinn d’Parkingstaxe bei verschiddene Spideeler drastesch erhéicht ginn. Dorënner leide virun allem krank Mënschen oder Familljememberen, déi reegelméisseg a  fir laang Zäit an der Klinik musse sinn. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen mécht sech a senger parlamentarescher Fro staark dofir, datt d’Regierung endlech handelt fir dës onzoumuttbar Mëssstänn ze behiewen.

Deel dëse Post: