Sollen d’Kanner géint Covid-19 geimpft ginn?

An den USA gëtt envisagéiert, fir Enn Summer domat unzefänken, Kanner géint Covid-19 ze impfen. A Groussbritannien wëll een am Hierscht domat ufänken. AstraZeneca an d’Universitéit Oxford hunn am Februar ugekënnegt, datt si 300 fräiwëllege Kanner tëscht 6 a 17 Joer Impfdosen injizéiere  wäerten. Johnson & Johnson huet och ugefaang, d’Effikassitéit vun hirem Impfstoff u Mannerjäregen ze adren. Dobäi ass bekannt, datt déi meescht Kanner, déi mat Covid-19 infizéiert ginn, keng oder kaum Symptomer opweisen an de Virus och vill manner weidergi wéi Erwuessener. Wéi steet déi Lëtzebuerger Regierung zu dëser Optioun?

Deel dëse Post: