Smartwielen: d’ADR huet Bedenken

Den ADR-Profil, dee vu smartwielen erstallt gouf, fannt dir hei.

D’ADR mécht an hirer Pressematdeelung vum 3. Mee awer däitlech, datt de smartwielen en ëmstriddent Instrument ass:

D’Universitéit Lëtzebuerg an den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hu schonn e puer mol viru Walen e Questionnaire ausgeschafft, fir et de Leit ze erlaben, hir individuell politesch Iddie mat deene vun de politesche Parteien ze vergläichen an hinnen domat eng Orientéierungshëllef fir d’Walen ze offréieren.

D’ADR ënnerstëtzt prinzipiell dës Iddi, allerdéngs nëmme wann de Questionnaire d’Leit éierlech an objektiv informéiert. D’ADR bedauert an deem Kontext, datt déi wichtegst Fro iwwer d’Zukunft vun der Europäescher Unioun, nämlech déi, ob Europa sech soll méi a Richtung vun engem federalen Zentralstaat oder méi a Richtung vun engem Europa vun de Natiounen hin entwéckelen, am Questionnaire iwwerhaapt net virkënnt. D’ADR huet och bei enger Rei vu Froen den Androck, datt hei éischter spezifesch Uleiesse vu Lobbyen hir Plaz fannen, wéi Froe vun allgemengem Interessi.

Bei der Editioun vu Smartwielen 2019 huet d’ADR och nach eng Rei vu Bedenken, wat d’Auswäertung vun den Äntwerten um sougenannten „Smartspider” ugeet.

Bei der Achs „liberal Gesellschaft” ginn z.B. de Leit Aktiounsméiglechkeete suggeréiert, déi net am rechtleche Kompetenzberäich vun der Europäescher Unioun leien. Et missten also, fir esou smartwielen-Propositiounen an der Praxis ëmsetzen ze kënnen, fir d’éischt substantiell nei Kompetenze vun de Staaten un d’EU ofgetruede ginn oder déifgräifend institutionell Reforme virgeholl ginn, wat awer am Questionnaire net präziséiert gëtt. Et bleift also op, wéi d’Leit géingen zu deene Froe Stellung huelen, wann hinnen déi dofir néideg Ännerungen an Europa am Zesummenhank presentéiert géifen. Aner Froen, déi an der Realitéit ganz komplex sinn, ginn esou plakativ formuléiert a bewäert, datt an hinnen e suggestive Charakter ka gesi ginn.

Am Achs „demokratesch Bedeelegung” ginn eng Rei Iddie proposéiert, déi a Richtung vun engem federalen Europa ginn an de facto fir de Lëtzebuerger Elektorat eng bedeitend Reduzéierung, also Verschlechterung, vun hirem Afloss an Europa géinge bedeiten. Dëst ze wësse wär sécher fir vill Leit e wichtegt Element bei hirer Decisioun – et gëtt awer leider net dorop opmierksam gemaach. Och an dësem Achs entspriechen déi gestallte Froen net ëmmer der rechtlecher Situatioun an och hei hätt also missen de Leit kloer gemaach ginn, datt zum Deel bedeitend Vertragsännerungen a Richtung vun engem federalen Europa néideg wären, fir eng Rei vun deene proposéierten Iddien iwwerhaapt kënnen ze realiséieren.

Eng Partei, déi, wéi d’ADR, net fir e federaalt Europa ass mee fir en Europa vun de Natiounen, gëtt bei der Auswäertung vum Questionnaire vu „Smartwielen”, besonnesch bei der „Smartspider” esou duergestallt, als wär si géint eng „liberal Gesellschaft” a géint eng „demokratesch Participatioun”. De Géigendeel ass awer wouer: d’ADR huet zum Beispill an hirem Walprogramm ganz vill Propositioune fir dem Demokratiedefizit an Europa entgéint ze wierken!

D’ADR ass also mat der Methodologie vun dësem Questionnaire net averstanen an huet dat och der Universitéit Lëtzebuerg matgedeelt. Doropshin gouf eng minimal Ännerung bei der Denominatioun vun engem Achs virgeholl, wat awer un der Substanz vun der ADR-Kritik näischt ännert.

D’ADR setzt hir Äntwerten op de Questionnaire vu « Smartwielen » och op hir Internet-Säit www.adr.lu. Si steet fir weider Explikatioune gären zur Verfügung.

D’ADR hofft, datt d’Universitéit Lëtzebuerg, den Zentrum fir politesch Bildung an aner Responsabeler fir de „Smartwielen” dës Reaktioun an hir zukünfteg Iwwerleeunge mat abezéie fir dem interessanten Instrument „Smartwielen” méi Objektivitéit, méi Akzeptanz a méi Zouverlässegkeet ze ginn.

Pressematdeelung vum 3. Mee

 

 

Deel dëse Post: