Enseignanten an Educateuren sinn och Infirmieren!

Enseignanten an Educateure sinn och Infirmieren! Dëst bekräftege leider de Schoulminister an d’Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser

D’Inclusioun vun alle Kanner an der ëffentlecher Schoul, also och deene mat spezifesche Besoinen, ass am Prinzip e luewenswäert Ziel. Wann de Staat sech dëst ambitiéist Objektiv gëtt, da mussen awer och déi néideg Ressourcen zu Verfügung gestallt ginn.

Fir d’ADR ass et awer onverantwortlech, datt elo d’Responsabilitéit fir Medikamenter u Kanner an der Grondschoul, an de Lycéeën an an de Strukturen ze verdeelen, elo op d’Schëllere vun den Enseignanten an den Educateure geluecht gëtt. Dëst ass an enger Instruktioun vum Schoulminister Claude Meisch a vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch virgesinn an och op Nofro hi bekräftegt ginn.

D’ADR verlaangt, datt an de Grondschoulen an de Lycéeën Educateuren agestallt ginn, déi och eng spezifesch Formatioun kréie fir éischt Hëllef a fir Medikamenter auszedeelen, fir an dësen an an anere Fäll kënnen d’Schoulpersonal ze entlaaschten.

Och hei gëtt et nëmme ganz vague Aussoe vun de Regierungsmemberen: et soll um Enn vum Schouljoer e Bilan gezu ginn, an dann “iwwerpréift” ginn, wat zousätzlecht Personal fir d’Schoulmedezin betrëfft. Och iwwert eventuell juristesch Konsequenzen déi op d’Personal kéinten zoukomme gëtt sech hannert allgemeng Bestëmmunge verstoppt.

Deel dëse Post: