Sinn dem Ëmweltministère niddergemetzelt Réi-Kitzen egal?

Aktuell ginn an der Landwirtschaft massiv Wise geméit. Dobäi kënnt et ëmmer nees zu ganz trauregen Zeenen, wou Réikitzen den Traktere mat de Méimaschinnen zum Affer falen. Rezent ass et am Raum Jonglënster zu sou engem dramateschen Tëschefall komm wou gläich 8 Réikitze reegelrecht zerrappt gi sinn. E puer waren direkt dout, anerer déi trotz ofgetrennte Glidder nach gelieft hunn, hu misse vu Jeeër erléist ginn. An Däitschland ass et esou datt de Bauer dem betraffene Juegdpäschter Bescheed muss soen, éier en eng Wiss mam Trakter méit. Hei zu Lëtzebuerg ass dat net de Fall. Däi däitsch Regierung stellt dann der Jeeërschaft esouguer 3 Milliounen Euro zur Dispositioun fir Drone mat Wärmekameraen anzesetze fir de Baueren d’Kitze mellen ze kënnen. Firwat da net bei eis léif Gambia-Regierung? Sinn Iech déi onschëlleg Déieren einfach egal?

Deel dëse Post: