Sektioun Käerjeng/Kéinzeg op Visite bei der Brauerei Bofferding.

E Freideg, den 21. Oktober 2016, huet d’Sektioun Käerjeng/Kéinzeg op eng Visite vun der Brauerei Bofferding zu Kärjeng agelueden. Et woaren Etappen ze gesinn vun der Uliwwerung iwwert de Brauprozess, Themen ewéi Recycling a Modernisatioun fir de Standard ze halen oder ze héijen gi grouss geschriwwen, bis hinn zum Historesche Material wat um Site live oder an digitaler Form z’entdecken ass. Zum Schluss vun dëser Reess duerch dëse lëtzebuerger Traditiounsbetriib, gouf et eng Dégustatioun vu Bofferding a Battin. Mir danken eisem Guide vun der Brauerei, dem Här Albonetti, och nach fir de Suivi vun e puer méi spezifesche Froen, déi mär nach e puer Deeg no der Visite beäntwert kruuten.

Deel dëse Post: