Séieren Terrain fir eng ëmstridde Fabrik

Heiansdo geet zu Lëtzebuerg alles ganz séier: Esou och bei FAGE (Fay-Eh ausgeschwat), der Jughurtsfabrick, déi vun der Regierung an der Industriezone Wolser tëscht Diddeleng a Beetebuerg schonn am Mee 2017 15 Hektar Terrain verkaf kritt huet, wéi de Paperjam mellt. De Roy Reding huet eng Rëtsch Froen zu dëser Prozedur, an zwar de Präis, de Wee vum Terrainsverkaf, deen net üblech ass, an de Zäitpunkt, zu engem Moment, wou net kloer ass, ob FAGE iwwerhaapt eng Geneemegung kritt. Well d’Jughurtsfabrick mat hirem onmoossege Waasserverbrauch, bitt Lëtzebuerg net vill Virdeeler.

 

 

Deel dëse Post: