Sécher Pensioune fir eis Bierger

A senger Interventioun vum 27. Juni plädéiert den Zentrums-Deputéierten Tom Weidig dofir, datt de Pensiounsfong net mëssbraucht soll ginn, fir politesch ideologesch Ziler ze verfollegen. De Pensiounsfong soll no de Reegele vun engem rationale Management vum Risiko-Renditt-Verhältnis fonctionéieren. D’Sue vun de Bierger sollen deemno net zu Spekulatiounszwecker mëssbraucht ginn. Leider ass d’ADR-Propos an der Chamber op daf Ouere gestouss.

An deem Kontext huet den Tom Weidig och zwou Motiounen an der Chamber deposéiert. Leider hunn déi aner Parteien d’Wichtegkeet vun enger effizienter Ofsécherung vun eise Pensiounen net wierklech agesinn.

Deel dëse Post: