Schraasseg: Wéi steet et ëm d’Hygiène?

Vu Schraasseg héiert een, datt et munchem Prisonéier un elementaren Hygiènesartikele feelt an datt Insekten an den Zelle sinn. De Fernand Kartheiser wëllt mat enger parlamentarescher Fro klären, ob dëst wierklech stëmmt. Hie stellt ënnert anerem Froen, déi sech op den hygieneschen Zoustand vun den Zelle bezéien a geet och op d’Hygiènesméiglechkeete vun de Gefaangenen an.

 

Deel dëse Post: