Schonn nees en Imageschued fir de Findel?

En internationalen Influencer probéiert d’Luxair als Airline aus an erlieft och um Findel déi eng oder aner schlecht Iwwerraschung. D’Luxair huet am Virfeld juristesch Konsequenzen ugekënnegt, fir de Fall, datt hien seng Erliefnisser géif verëffentlechen. De Mann ass de Risiko allerdéngs agaangen a säi Video gouf op de Stand vum 31. Juli 441.000 mol ugeklickt. Sécher kann et ëmmer zwou Perspektive ginn, mee vu Säite vun eiser nationaler Fluchgesellschaft gouf et bis ewell kengerlee Reaktioun, obwuel den Image vum Fluchhafestanduert Lëtzebuerg schonn duerch den Tëschefall vum 10. Mee staark gelidden huet.

Deel dëse Post: