Schockéiert Reliounsproffen

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D‘CSV wëll de Reliounsunterrecht am Secondaire ofschafen! Dëst schockéiert net nëmme Reliounsproffen, déi sech an engem Communiqué ëffentlech dozou geäussert hunn. Och vill Elteren a Schüler sinn doriwwer entsat. De Reliounsunterrecht ass nieft dem Wäerteunterrecht eng Optioun an de Lycéeën. Dës Optioun gëtt – fräiwëlleg – vu 60% vun de Schüler aus dem Secondaire gewielt.

D‘ADR huet sech kloer an däitlech FIR de Reliounsunterrecht an de Schoulen ausgeschwat, dëst  schonns laang virun de Walen. D‘ADR wëllt, datt all zu Lëtzebuerg unerkannte Reliounen hir Plaz an der Schoul fannen. An alle Reliounscoursë soll dobäi de Respekt virun de Mënscherechter an Toleranz vis-à-vis vun anere Reliounen a Weltanschauunge geléiert ginn. Léiwer Relioun an der Schoul wéi am Hannerhaff vun enger Par oder enger Moschee!

Deel dëse Post: