Schluss mat de Klima-Illusiounen

40% Reduktioun vum Co2-Ausstouss an de nächste Joer huet Lëtzebuerg bei de COP21-Verhandlungen opgeluecht kritt: An der Chamber beschäftegt sech de Fernand Kartheiser den 22. November mat de Konsequenzen vun deenen Oplagen. Den Tanktourismus ofbauen, hëlleft net dem Klima, well da gëtt awer nach getankt, seet de Fernand Kartheiser. Och d’Wuesstemsprognose fir Lëtzebuerg sinn net kompatibel mat den Ziler vun COP21. D’komplett Ëmstellen op ëmweltfrëndlech Energien ass net realistesch, well net ze bezuelen, an de Klimaschutz féiert weltwäit just derzou, datt méi Atomkraaftwierker gebaut ginn.

E wichtegt Uleies an engem Dossier, deen d’ganz Kontradiktiounen vun deene grénge Regierungsmembere mat hirem grénge Credo weist, sinn d'”Smart Meter”. Déi intelligent Zähler an den Haiser däerfen net geholl ginn, fir de Leit ze diktéieren, wéi se ze liewen hunn, huet de Fernand Kartheiser nach eemol gewarnt.

Deel dëse Post: