Schlëmm Mängel beim Streedéngscht?

An der Nuecht vum 3. op de 4. Februar 2026, souwéi och um Moie vum 4. Februar koum et uechter d’Land zu enger Rei Accidenter, well net gestreet gouf. Firwat waren d’Ekippe vu Ponts & Chaussées, déi normalerweis eng exzellent Aarbecht leeschten, hei net am Asaz? Goufen si vum Ministère aus wouméiglech guer net an de Bereetschaftsdéngscht versat? Sou oder sou ass et d’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes, an där hirem Haus et net déi éischte Kéier zu schlëmme Panne koum, déi sech muss Froe stelle loossen. Genee dat maachen d’ADR-Deputéierten Dan Hardy a Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

An der Nuecht vum 3. op de 4. Februar, souwéi an de fréie Moiesstonne koum et op verschiddene Plazen am Land zu Accidenter mat Blesséierten. D’Ursaach waren all Kéiers déi glat Stroossen, well hei net gestreet gouf. D’Meldunge vun der Meteo waren iwwerdeems kloer, an et war allgemeng virauszegesinn, datt aus der Kombinatioun aus Reen an Temperaturen ëm de Gefréierpunkt op mannst mat Geforesituatiounen ze rechne wier.

An deem Zesummenhang géife mir der Madamm Minister gär dës dréngend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister elaboréieren, no wéi enge Prozeduren d’Bereetschaft vum Streedéngscht geplangt an aktivéiert gëtt? Goufen déi Prozeduren an dësem Fall agehalen? Falls net, firwat net?
  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi vill Streesalz fir dëse Wanter virgesi war a wéi vill dovu schonn opgebraucht gouf? Huet e Mangel u Streesalz dozou bäigedroen, datt net gestreet gouf?
  • Kënne Leit, déi bäi Accidenter blesséiert goufen oder e Sachschued erlidden hunn, sech an dësem Fall op déi zivil Haftflicht vum Staat beruffen an eng Entschiedegung ufroen? Falls jo, no wéi enger Prozedur? Falls net, firwat net?
  • D’Regierung huet sech am Koalitiounsaccord der “vision zéro” verschriwwen an an deem Kader ë.a. d’Zuel vun de Radaren erhéicht. Wéi verdréit sech déi Politik vun der “vision zéro” domat, datt d’Regierung duerch Ënnerloossung vun hiren eegene Flichten sou zur Onsécherheet op eise Stroosse bäidréit?

 

Deel dëse Post: