Säit der Generalsanéierung vun der Start- a Landebunn um Findel kënnt et ëmmer rëm zu Probleemer. D’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes gëtt zou, datt déi zoustänneg Firmen hir kontraktuell Verflichtungen net vollstänneg erfëllt hunn. Freet si Schuedensersaz oder kréien um Enn nees d’Passagéier an d’Steierbezueler de schwaarze Péiter dohinner gehalen? De Jeff Engelen intervenéiert:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der gemeinsamer Äntwert op déi parlamentaresch Froen Nummer 2520, 2547 an 2552 liwwert d’Madamm Minister eng Rei Informatiounen zu den Auswierkunge vum schlechten Zoustand vun der Start- a Landebunn um Findel. Och wann den operative Verkéier bis ewell nach net beanträchtegt gouf, sou gouf awer e massiven Zousazopwand bei der Iwwerwaachung an der Inspektioun vun der Pist néideg, an dat nodeems se réischt 2021/22 komplett erneiert gouf. Wéi d’Madamm Minister schreift, sinn déi zoustänneg Firmen hire kontraktuellen Obligatiounen net wéi vereinbaart, nokomm. Wéi et ausserdeem an engem anonymiséierte Lieserbréif am Tageblatt vum 31. Juli zu deem Thema heescht, hätt mëttlerweil e fréieren héije Responsabele vun der Fluchhafeverwaltung op e Poste bei enger vun den zoustännege Firme gewiesselt.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Wéi eng Käschte sinn duerch déi zousätzlech Inspektiounen a Reparaturen un der Start- a Landebunn um Findel bis ewell entstanen an zu wiem senge Laaschten? Besteet d’Gefor, datt dës schlussendlech duerch méi deier Fluchticketen un d’Passagéier ”duerchgereecht” ginn?
- Gesäit d’Madamm Minister vir, déi verantwortlech Firmen ëm Schuedensersatz unzesichen, wann néideg och iwwert d’Geriicht? Falls jo, ginn dann och déi an der Fro virdru beschriwwe Follgekäschte an d’Fuerderunge mat opgeholl? Falls net, firwat net?
- Kann d’Madamm Minister deen Interessekonflikt, esou wéi am Lieserbréif vum Tageblatt beschriwwen, bestätegen? Falls jo, zu wéi engem Zäitpunkt gouf si doriwwer informéiert a wéi ass si domadder ëmgaangen?