Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister an den Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummenliewen a fir den Accueil weiderzeleeden.
An de leschte Wochen hunn sech eisen Informatiounen no verschidde Familljen iwwer d’Zoustänn, déi an de Foyers d‘accueil herrschen, beschwéiert, wéi och iwwer d’Virgoensweis vum „Service central d’assistance sociale“ (SCAS).
An deem Zesummenhang géif ech un gär dës Froe stellen:
- Wat sinn d’Prozeduren/Richtlinne vum SCAS, wann dëse Service e Fall gemellt kritt, respektiv vun der Justiz saiséiert gëtt?
- Sinn d’Rapporte vum SCAS fir déi betraffen Elteren zougänglech? Wann nee, aus wéi enge Grënn sinn si et net?
- Wéi vill Kanner goufen a deenen zéng leschte Joren a Kannerheemer placéiert, an aus wéi enge Grënn?
- Wee kontrolléiert d’Konditiounen, déi an de Kannerheemer herrschen? Bei wéi enger Instanz läit d’Zoustännegkeet, fir déi Kontrollen auszeféieren?
- Goufen et Plaintë betreffend onzoumuttbar Konditiounen oder inakzeptabel Behandlungen a Kannerheemer? Wa jo, wéi vill vun deene Plaintë ware berechtegt?
- Wéi eng Mesurë si virgesi fir de Fall, wou Kanner mësshandelt goufen?
- Wéi gouf an der Vergaangenheet op esou Fäll reagéiert? Kann d’Regierung an deem Kontext konkret Zuele virleeën?
Mat déiwem Respekt,