Sanktiounspolitik: Schuede mir eis selwer am meeschten?

D’Erfarung huet gewisen, datt eng oniwwerluechte Sanktiounspolitik grouss Länner wéi Russland net an d’Knéien zwénge wäert. Wien allerdéngs am meeschte leide wäert, sinn d’Entreprisen, de Mëttelstand an och grad déi Bierger mat manner déckem Portmonni. A senger Interventioun vum 12. Juli betount de Fernand Kartheiser, datt et fir eis Land knëppeldéck ka kommen, wann d’Regierung hei net endlech zu engem Ëmdenke bereet ass.

Deel dëse Post: