Eis Deputéiert Alexandra Schoos huet Zweifel un der Kloerheet, der Effikassitéit an der Ëmsetzbarkeet vum Gesetzesentworf iwwert d’Sammelklo.
De Réckbléck op d’Covid-Pandemie huet däitlech gewisen, datt déi grouss Hiersteller nëmme schwéier zur Rechenschaft ze zéie waren – zum Beispill am Zesummenhang mat méiglechen Impfschied.
Eng Evaluatioun vun dësem Gesetzesprojet a fënnef Joer ass zwéngend noutwenneg!
Mir stëmmen dësem Text trotzdeem zou, well en eng Sammelklo erméiglecht – eppes, wat d’ADR scho laang fuerdert!
