Russland: D’ADR verlaangt normaliséiert Bezéiungen

Mat dem direkten Agräife vu Russland a Syrien ass eng ganz nei Dynamik an de Noen a Mëttleren Osten komm. Iwwer de Fernand Kartheiser hat d’ADR an der Chamber hir Kritik un der EU-Aussepolitik méi wéi däitlech gemaach. Et wier un der Zäit, Russland nees zu engem gläichberechtegte Partner ze maachen, esou de Fernand Kartheiser. Et wier un der Zäit d’Sanktiounen géint Moskau opzehiewen. Dat geet och aus enger Motioun erfir, déi den Deputéierten an der Chamber am Numm vun der ADR den 1. Dezember deponéiert huet an déi an d’Kommissioun weidergeleet ginn ass.

Russesch Sprooch an d’Schoul

Eng weider Motioun vum Fernand Kartheiser iwwer d’russesch Sprooch ass den nämlechten Dag an der Chamber deponéiert ginn an och un déi zoustänneg Kommissioun weidergeleet ginn. Russesch ass eng vun de meescht geschwatenen europäesche Sproochen a gëtt am Lëtzebuerger Schoulsystem bis haut net berücksichtegt. Dat opwuel Russland als Noper vun der EU e wichtegen Handelspartner ass an obwuel a ville EU-Länner russesch eng wäit verbeete Sprooch ass.

Deel dëse Post: