Roy Reding: Riichter protegéieren

Den 30. Abrëll gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, wat verhënnert, dass Riichter ouni hiren Accord kënne versat ginn. Den ADR-Deputéierten Roy Reding huet dat Gesetz begréisst, och wann esou eppes hei am Land nach net virkomm ass. Hien huet awer och kritiséiert, datt et zu Lëtzebuerg am Pénal wéi am Zivil dacks ze laang dauert, bis Recht gesprach gëtt.

Deel dëse Post: