Roy Reding: Luef fir den Ombudsman mat Wermutsdrëps …

De Rapport 2014 vum Ombudsman war de 14. Juli um Programm vun der Chamber. Fir d’ADR huet de Roy Reding iwwert de Bilan gekuckt. Och wa Lëtzebuerg e gutt Verwaltungsgeriicht huet, huet de Roy Reding d’Virdeeler vum Vermëttler tëscht dem Bierger an der Staats- a Gemengeverwaltung ënnerstrach: gratis Service, Léisung am Dialog, Méiglechkeet net nëmmen Eenzelfäll mä Fehler, déi ëmmer nees passéieren, ze adresséieren.

Bedauert huet den ADR-Deputéierten, datt d’Fäll, mat deenen den Ombudsman befaasst gëtt, réckleefeg sinn. Hie fënnt och net gutt, datt keng Recommandatiounen un d’Politik oder un eenzel Verwaltungen ausgeschwat gi sinn. An hien huet bedauert, datt d’Zuel vu Korrekturen, déi bewierkt goufen, kënschtlech héichgerechent gouf.

Deel dëse Post: