Roy Reding freet Respekt, Unerkennung a fairt Akommes fir d’Baueren

D’Chamber huet den Dënschdeg, 19. Mee eng Debatte iwwer d’Agrarpolitik hei am Land gefouert. Fir d’ADR huet de Roy Reding d’Wuert ergraff. Net nëmmen huet hie konkret Froen un den Agrarminister geriicht, mä och an e puer Punkten ganz konkret eng Ännerung vun der Politik gefuerdert. A sengen Aen brauch de Bauer fir d’öischt emol Respekt an Unerkennung, keng falsch Uschëllegungen a Schikanen. Da brauch en e fairt Akommes fir déi haart a schwéier Aarbecht, déi e mëcht. De Roy Reding heut d’Regierung gewarnt, datt d’Bauere sëch an all deene Punkten am Stach gelooss fillen an dat se mat der aktueller Agrarpolitik net zefridde sinn. Wa Bréissel sech emol bei enger Mesure kulant weist, wat d’Zäit fir Formulairen auszefëllen ugeet, da verpasst d’Lëtzebuerger Regierung, dës Verlängerung vun den Délaien unzefroen. Eleng dat weist wéi wéineg Respekt an Unerkennung de Bauer hei am Land kritt … an e verpassten Délai schlöit him och nach direkt op d’Akommes.

Deel dëse Post: