Roy Reding: D’Regierung huet de Bierger net erzéien!

Eng gutt Fiskalpolitik dreift déi fir de gudde Fonctionnement vun engem Staat néideg Einnamen an – net méi, net manner. D’Regierung versteet also – bewosst oder onbewosst – net de Sënn vu Steieren: Steiere sinn net do fir d’Bierger ze erzéien, ëmzëerzéien, ze lenken oder ze bevormunden, esou de Roy Reding a senger Interventioun vum 9. Oktober. De Staatsminister huet a senger Ried iwwert d’Lag vun der Natioun op déi gënschteg steierlech Situatioun fir mëttelstänneg Betriber higewisen – eng Mogelpackung, wéi de Roy Reding mat konkrete Fakten an Zuelen opweise kann.

Den Zentrums-Deputéierten ass dann och op den ominéise geheime Casier agaangen an enk verbonnen domat, op den Dateschutz. Och hei hätt de Premierminister probéiert ze beschwichtegen, wat net ze beschwichtegen ass: Et muss endlech Schluss si mat der systematescher Mëssuechtung vum Gesetz – an zwar haut, net muer!

 

Deel dëse Post: