Roland Houtsch ass neien Attaché parlementaire vun der ADR

D’ADR huet de Roland Houtsch als Attaché parlementaire agestallt. Joergang 1960, huet de Roland Houtsch zu Stroossbuerg am Centre universitaire d’enseignement du Journalisme, studéiert. Zënter 1982 war hie Journalist am Luxemburger Wort. En huet do déi Lëtzebuerger an international Aktualitéit an esou ënnerschiddlechen Domainer wéi Kultur, Informatik, Aussepolitik an a Froen vum Enseignement, der Universitéit an der Fuerschung verfollegt. E war am Laf vun der Zäit op villen redaktionnellen Führungsposten an der Dageszeitung, awer och bei der Grënnung vum Radio DNR. Bei der ADR huet de Roland Houtsch den 1. November ugefaang, a nieft sengen interne Missioune wärt hien hei e privilegéierten Uspriechpartner fir seng fréier Kollege vun der Press sinn.

Pressematdeelung vum 6. November 2014

Deel dëse Post: