Roby Mehlen: Den Éierepresident gëtt sech d’Éier

Leschte Samschdeg, de 5. August,  huet d’Lëtzebuerger Wort en Artikel iwwer den ADR-Éierepresident Roby Mehlen publizéiert. Dëse bréngt elo nämlech e Sammelwierk “150 Jar Manternacher Kierch” eraus. Hien huet sech nach ëmmer fir d’Geschicht an hir Entwécklungen intresséiert, an huet seng Kenntnesser iwwer d’Land a d’Leit ëmmer gär erweidert. Sou huet de Roby Mehlen virun dräi Joer de Geschichtsveräin a senger Heemechtsgemeng Manternach op d’Bee gestallt a gouf schliisslech President. An deem Zesummenhang bréngt hien och dëst Buch iwwer den 150. Jubiläum vun der Manternacher Kierch eraus.

“E politesche Fuuss”

Mee och an der Politik ass de Roby Mehlen jo nach ganz aktiv. An dat soll och esou bleiwen, op d’mannst bis d’Chamberswalen 2018, verréit hien och an dësem Interview. Spannend!

Deel dëse Post: