Roby Mehlen: De Wuesstem finanzéiert knapps seng eege Konsequenzen!

Op der regionaler Ost-Table-ronde vum Luxemburger Wort war de Roby Mehlen fir d’ADR als Spëtzekandidat am Osten. An der Wuesstemsdebatt huet hien drun erënnert, datt zënter 2000 gewosst ass, datt dee Wuesstem mat all sengen Nodeeler knapps  séng eege Konsequenzen (méi Schoulen, méi Klinike, méi Stroosse, méi Schinnen … asw) finanzéiert. Op laang Siicht geet dat Spill einfach net op. Hien huet d’Ongerechtegkeet vun de Steierrulinge monéiert, déi net de Lëtzebuerger Betriber zegutt komm sinn, an nach eng Kéier kritiséiert, datt den Tram déi grouss Verkéiersproblemer net léise kann.

Deel dëse Post: