A senger Interventioun vum 28. Januar betount de Fred Keup, datt eist Land am Hibléck op d’Integratioun vun auslännesche Matbierger eng éierlech a richteg Inclusioun an eis Gesellschaft verlaange kann. D’Leit solle mateneen an net laanschtenee liewen. Zu Lëtzebuerg ginn d’Auslänner exemplaresch gutt behandelt, esou de Süd-Deputéierten. Mir däerfen dofir vun den Auslänner och en Effort verlaangen, datt si sech hei upassen an eis Sprooch léieren. D’ADR ass leider déi eenzeg Partei, déi dat esou gesäit…