Rezeptfräi a rezeptflichteg Schlofmëttel zu Lëtzebuerg

Zum Thema “Rezeptfräi a rezeptflichteg Schlofmëttel zu Lëtzebuerg” huet d’Alexandra Schoos eng Rei Froen un d’Gesondheetsministesch.

Fro:

Verschidden Antihistaminiquen hunn, zousätzlech zu hirer eigentlecher Wierkung, eng sedéierend (schloffërdernd) Wierkung a kënnen ouni Ordonnance als Schlofhëllef bzw. kuerzfristeg bei Schlofstéierunge verkaf ginn. Jee no Dosis, Zäitpunkt vum Huele vum Medikament an individuellen, perséinlechen Ënnerscheeder kann et zousätzlech zu onerwënschte Konsequenze kommen, ewéi z.B. zu enger Dagesmiddegkeet („Hangover-Effekt“), Reaktiounsbeanträchtegung, kognitive Beanträchtegungen, zu anticholinergen Niewewierkungen (Monddréchenheet, Obstipatioun,…) an och zu Beanträchtegunge beim Fueren an der Aarbechtssécherheet (Benotze vu Maschinnen). Besonnesch staark wierke sech dës aus am Fall vun enger längerfristeger oder widderhuelter Uwendung, bei eelere Mënschen, bei Persoune mat Virerkrankungen oder wann een nach aner, änlech Medikamenter mat gläicher Wierkung hëlt oder Alkohol konsuméiert.

Virun deem Hannergrond hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Wéi eng Antihistaminiquë mat sedéierender Wierkung sinn aktuell zu Lëtzebuerg rezeptfräi ze kréien? Wéi eng si rezeptflichteg? Wéi eng dovunner ginn typescherweis als Schlofhëllef verkaf?
  2. Huet de Ministère Donnéeën iwwert Verkafszuele vun dëse Medikamenter iwwert déi lescht 15 Joer? Wa jo, kann d’Regierung dës Donnéeën, no Joer a Medikament opgeschlësselt, matdeelen?
  3. Leien dem Ministère Donnéeë vir, déi beleeën, datt verschidden Antihistaminiquen, déi eigentlech géint bestëmmt Allergië verschriwwe ginn, als Schlofmëttel mëssbraucht ginn? Vu wéi engem Prozentsaz kann een hei ausgoen?
  4. Wéi bewäert den zoustännege Service vum Staat den Notzen-Risiko-Profil vun dëse Präparater als Schlofhëllef, besonnesch am Hibléck op
    1. Dagesmiddegkeet a Beanträchtegung beim Fueren an op der Aarbechtsplaz,
    2. anticholinerg Effekter an Effekter bei Polypharmazie,
    3. kognitiv Beanträchtegungen?
  5. Wéi eng Roll spillen dës Präparater aus Siicht vun der Pharmakovigilance, a leien der Regierung entspriechend Meldungen zu Niewewierkunge vir? Wa jo, kann d’Regierung dës Donnéeën a Form vun enger Tabell, no Medikament, Grad vun der Niewewierkung an Altersgrupp opgeschlësselt, matdeelen?
  6. Ginn et Donnéeën, déi beleeën, datt rezeptflichteg Antihistaminiquen am Verglach zu rezeptfräien Antihistaminiquen zu manner Niewewierkunge féieren, bzw. ëmgedréint?
  7. Ginn déi bestoend Warnhiweiser a Gebrauchsinformatiounen aus Siicht vun der Regierung duer, fir Verbraucher iwwer méiglech Risiken opzeklären?
  8. Gëtt gepréift, ob de rezeptfräie Verkaf vun dëse Präparater – besonnesch a bestëmmten Doséierungen – weiderhin ugemooss ass oder ob zousätzlech Aschränkungen, Berodungsflichten oder Upassunge sënnvoll wieren?
  9. Ginn et Iwwerleeungen, Wierkstoffer mat engem änleche Risikoprofil méi eenheetlech ze bewäerten, fir Inkonsistenzen tëscht rezeptfräien a rezeptflichtege sedative Substanzen ze vermeiden?
  10. Wéi hunn sech d’Zuele betreffend de Verkaf vu Schlof- a Berouegungsmëttel allgemeng zu Lëtzebuerg an de leschte 15 Joer entwéckelt, opgeschlësselt no Geschlecht an Alter?
  11. Géif d’Madamm Minister déi Zuelen als beonrouegend héich bewäerten? Wa jo, wat sinn d’Grënn vun dësen héijen Zuelen?
  12. Falls keng Zuele virleien, ass d’Madamm Minister gewëllt, Zuelen iwwert de Verkaf vu Schlof- a Berouegungsmëttel allgemeng zu Lëtzebuerg ze erhiewen? Wa jo, a wéi enger Zäitspan gedenkt d’Madamm Minister dat ze maachen?

Deel dëse Post: