Den Dan Hardy freet bei der Regierung no, firwat d’Avancë fir “Les Internats Jacques Brocquart” sou spéit iwwerwise goufen, e Problem, deen dës Asbl un de Rand vun enger Liquiditéitskris bruecht hat.
Fro:
Wéi eis zu Ouere komm ass a wéi um Site vun RTL verëffentlecht gouf, hält de Staat, duerch den zoustännege Ministère, sech net un d’Konditioune vun der Konventioun mat der Asbl “Les Internats Jacques Brocquart”. Dës Konventioun gesäit vir, dass Betribskäschten duerch periodesch Avancen ofgedeckt solle ginn. D’Joresavancë fir 2025 goufen eisen Informatiounen no awer eréischt de 07. Mäerz 2025 bezuelt – also net fristgerecht –, wat zu enger massiver Liquiditéitskris bei der Asbl gefouert soll hunn.
D’Asbl “Les Internats Jacques Brocquart” offréiert eng educativ Begleedung fir Kanner a Jugendlecher a fir Kanner am Internatsberäich. D’Verspéidung beim Iwwerweise vun den Avancen (de selwechte Problem ass eisen Informatiounen no schonns d’lescht Joer opgetrueden) bréngt d’Credibilitéit vun der Asbl géigeniwwer Donateuren, Partner a Mataarbechter a Gefor, destabiliséiert d’Gestioun, bedrot d’Qualitéit vun den ugebuedene Servicer an hat en direkten Afloss op d’Gehaltsiwwerweisunge vu ronn 150 Mataarbechter, wat e Verstouss géint d’Aarbechtsgesetz an eng onnéideg Beanträchtegung vun der finanzieller Situatioun vun de Beschäftegten duerstellt.
Laut interne Communiquéen, déi un d’Personal adresséiert goufen, huet d’Organisatioun säit Enn 2024 mam Ministère den Dialog gesicht, mee anscheinend ouni Succès. Dës mangelnd Transparenz a Kooperatioun weist entweder op eng Iwwerlaaschtung vun den zoustännege Servicer am Ministère oder op strukturell Problemer hin.
D’finanziell Lag vun der Asbl war bis zum 7. Mäerz 2025 kritesch. Ouni eng séier Bezuelung vun de staatlechen Avancë bestoung fir d‘Organisatioun de Risk vu katastrophale Konsequenze fir Mataarbechter, Benotzer a Partner. D’Ausbezuele vun den Avancen ass eréischt geschitt, nodeems d’Personaldelegatioun vun der Asbl beim Ministère intervenéiert ass.
D’Net-Respektéiere vun der Konventioun kéint eiser Aschätzung no eng Verletzung vum Gesetz vum 8. September 1998 iwwer d‘Relatiounen tëscht Staat a soziale Strukturen duerstellen, wat juristesch Konsequenze fir de Staat no sech zéie kéint.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi gedenkt den Här Minister d’Prozedure fir d’Bezuele vun Avancen un ëffentlech finanzéiert Strukturen ze reforméieren, fir retardéiert Bezuelungen, wéi am Fall vun der Asbl J. Brocquart, an Zukunft ze verhënneren?
- Wéi eng Acteuren aus dem Educatiouns- a Jugendberäich, déi eng Konventioun mam Schoulministère hunn, kruten hier Avancen dëst Joer net fristgerecht iwwerwisen (d.h. nom 15. Januar respektiv nom 01. Februar 2025)?
- Wat ass d’Positioun vum Här Minister zur juristescher Haftung vum Staat, wann d’Gehaltsiwwerweisunge bei Partnerstrukturen duerch staatlech Verspéidungen net méiglech sinn? Wéi gëtt déi Positioun deene betraffenen Associatioune matgedeelt?
- Gëtt et eng (inter)ministeriell Taskforce, déi séier Aktioune koordinéiert, wann änlech Situatioune virkommen?
- Ass am Kader vum Gesetz vum 8. September 1998 “réglant les relations entre l’Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique” (ASFT-Gesetz) virgesinn, déi finanziell Responsabilitéit vum Staat bei Konventiounsverstéiss explizitt ze reglementéieren?
- Gëtt et eng Plattform, op där ëffentlech finanzéiert Strukturen d’Echeance fir d’Bezuele vun Avancë verfollege kënnen, fir méi Kontroll an Transparenz ze garantéieren?
- Sinn Noutfallmechanismen (z.B. Garantiefongen) geplangt, fir Strukturen am soziale Secteur viru staatleche Bezuelverspéidungen ze schützen?