Restitutioun vu koloniale Kulturgidder

D’Alexandra Schoos informéiert sech an dëser parl. Fro iwwer e Sujet, deen och zu Lëtzebuerg säit puer Joer diskutéiert gëtt: d’Restitutioun vu koloniale Kulturgidder.

Fro:

Lëtzebuerg war ni eng Kolonialmuecht, mee et besteet keen Zweifel drun, dass verschidde Lëtzebuerger am Kolonialbetrib matgewierkt hunn (z. B. belsche Kongo, Missionéierung, bedeelegt Firmen). Aktuell ginn et Debatten driwwer, wéi staark a wéi direkt Lëtzebuerg vum Kolonialismus profitéiert huet.

Dat neit Patrimoinesgesetz („loi relative au patrimoine culturel“ vum 25. Februar 2022) geet net direkt op d’Restitutioun vu Kulturgidder aus der Kolonialzäit an.

Follgend Froe wéilt ech dofir dem Här Minister stellen:

  • Gëtt et aktuell e kompletten Inventaire vun alle Lëtzebuerger Muséeën, Archiver, Collectiounen asw., an deem Kulturgidder aus kolonialem Kontext opgelëscht ginn? Wann nee, fir wéini ass esou een Inventaire geplangt?
  • An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 2365 vum 22. Mee 2025 vum honorabelen Deputéierten David Wagner schreift d’Regierung: „En ce qui concerne le Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA), il convient de noter deux projets réalisés en lien avec le passé colonial du Luxembourg, à savoir : l’exposition « Le Passé colonial du Luxembourg » au Nationalmusée um Fëschmaart (à cette époque encore le MNHA) (…) ; la présentation et mise en contexte sur la plateforme collections.mnaha.etat.lu, tout comme la mise en ligne de l’inventaire des objets acquis par la Section historique auprès d’un donateur privé les ayant collecté en 1892-1893 dans l’actuelle Tanzanie et qui ont intégré les collections muséales dans l’entre-deux-guerres. Le Musée national de Dar-es-Salam en Tanzanie a par ailleurs été contacté afin de signaler cet ensemble en vue d’une éventuelle demande de restitution par la Tanzanie.Kann den Här Minister preziséieren, wéi déi tansanesch Regierung op dës Offer reagéiert huet?
  • Wéi eng weider Muséeën a Collectiounen hei am Land ausser den MNAHA hu bis elo Originn an Acquisitioun vu koloniale Kulturgidder ëffentlech gemaach, an a wéi engem Ëmfang?
  • Gedenkt d’Regierung d’Gesetz iwwer de Patrimoine culturel am Hibléck op d’Prozedure betreffend d’Restitutioun vu Kulturgidder, déi erwisenermoossen eng kolonial Originn hunn, ze ergänzen?
  • Gedenkt d’Regierung, mat Hierkonftslänner bilateral Accorden zur Restitutioun vu koloniale Kulturgidder ofzeschléissen? Ginn et an deem Kontext schonns Gespréicher mat verschiddene Länner?

Foto Copyright: Pixabay

Deel dëse Post: