Respekt an Unerkennung fir eis Police!

De Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser fänkt seng Ried vum 19. Mee am Kader vun der Debatt iwwert d’Policereform mat engem Merci un fir eis Polizisten, déi sech Dag fir Dag an dacks a geféierleche Situatioune fir eist Land asetzen. Mat engem waarme Merci geet et awer net duer; et ass d’Flicht vun der Politik, alles ze maachen, fir datt d’Police beschtméiglech operabel ass. Fir dat ze garantéieren ass et noutwenneg, datt d’Police sech ëmmer weiderentwéckelt, fir och deenen neie Formen u Kriminalitéit – Dark Web, Cyberkriminalitéit etc. – gewuess ze sinn.

De Fernand Kartheiser kritiséiert dann och déi politesch gewollte Verschleierung vum Täterprofil. D’Leit am Land, fir déi sech d’Police Dag fir Dag asetzt, hunn e Recht ze wëssen, ewéi et genee ëm d’Kriminalitéits- an Täterstatistike gestalt ass. Dëst verhënnert och all méiglech Spekulatiounen. D’ADR steet net eréischt säit gëschter fir eng transparent Staatsféierung. Am Kader vun der Rechtsstaatlechkeet misst et dann och eng Selbstverständlechkeet sinn, datt d’Pouvoire beim Staat kloer getrennt sinn.

Datt ënnert dem deemolege Minister Etienne Schneider vill Policestatiounen zësummegeluecht goufen, huet net nëmme fir erfreelech Reaktioune gesuergt. Besonnesch am ländleche Raum ginn déi grouss Distanze séier zum Problem. De Policeberuff muss attraktiv bleiwen – an dat fänkt schonn an de Schoulen un, wou een deene Jonke scho fréi d’Perspektiven an Erausfuerderunge vun uniforméierte Beruffer méi no brénge soll. Esou ass een net – wéi d’CSV a Gambia dat wëll – drop ugewisen, auslännesch Polizisten ze rekrutéieren.

 

Deel dëse Post: