Respekt an Unerkennung fir eis Police Grand-Ducale!

Et ass keng einfach Aufgab, sech Dag fir Dag mat vollem Asaz a Risikobereetschaft an den Déngscht vu sengem Land ze stellen. De Fernand Kartheiser huet a senger Interventioun vum 12. Juni betount, datt d’Police an deem Sënn e bessert Gesetz verdéngt hätt. Et géif een nämlech d’Gefill net lass ginn, datt d’Regierung senge Sécherheetsorganer net wierklech traut. Och wënscht hie sech méi Ënnerstëtzung fir den eenzele Polizist, deen Urecht huet op “Protection du Fonctionnaire” an “Assistance juridique”. D’Realitéit gesäit anescht aus an de Policebeamte gëtt dacks am Reen stoe gelooss (Extrait 0’39”).

Den ADR-Deputéierten huet Vertrauen an eis Force publique a versteet dohier och net, firwat eis Regierung ëmmer méi probéiert, der Police e Maulkuerf unzedoen. D’Bierger hunn e Recht drop, objektiv iwwert d’Sécherheetslag an hirem Land informéiert ze ginn! Kee Maulkuerf fir eis Police! (Extrait 0’28”).

Wien der Police dee néidege Respekt an déi néideg Unerkennung entgéintbréngt, ka mat dësem Gesetz net zefridde sinn (Extrait 0’25”). Grad vun enger LSAP hätt een sech dann och e méi lockeren a manner klengkaréierten Ëmgang mat der Policegewerkschaft gewënscht. D’ADR huet konsequenterweis géint dëst Gesetz gestëmmt.

Deel dëse Post: