D’Äntwert vum Sportsminister op eng QP vum Jeff Engelen iwwer d’Remuneratioun vun externen ENEPS-Ugestallte léisst vill Froen op. Dofir freet de Jeff Engelen no.
Fro:
A senger Äntwert op meng parl. Fro Nr. 7819 vum 24. Mäerz 2023 schreift den Här Minister iwwer d’Remuneratioun vun de Chargé-de-coursë vun der ENEPS:
„D‘Tariffer ginn aktuell iwwert eng Decisioun vum Regierungsrot festgeluecht, sou wéi et am Kadergesetz vun der ENEPS virgesinn ass. De Regierungsrot huet sech a senger Decisioun vum 21. Dezember 2001 un där deemools applizéierter Formel vun der Education Nationale fir Iwwerstonnen inspiréiert, fir se fir d’ENEPS fir d’Sportsproffen an d’Dokteren ze iwwerhuelen.”
An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:
- Stëmmt et, datt besote Regierungsbeschloss vun 2001 souwuel 2015 wéi och 2022 ofgeännert gouf?
- Wa jo, kann den Här Minister déi betreffend Beschlëss a senger Äntwert afügen?
- Stëmmt et, datt sech an dëse Beschlëss op déi am Enseignement secondaire gëllend Formel betreffend d’Iwwerstonnereegelung beruff gëtt?
- Firwat gouf dann, wéi et schéngt, weder 2015 nach 2022 déi säit 2007 duerch Règlement grand-ducal bestoend Formel applizéiert?
- Am Hibléck op d’Formel bestinn am Sportsmilieu, eisen Informatiounen no, verschidde Meenungen. Kann den Här Minister, fir dëst kloerzestellen, déi aktuell applizéiert Formel mat engem Punktwäert vu 560 wéi och Index Abrëll 2023 detailléiert duerleeën?
- Stëmmt et, datt laut allgemenger Rechtslag an dësem Dossier eng legal Basis wéi och e Règlement grand-ducal erfuerderlech ass?
- Wa jo: wat ass dann déi gesetzlech bzw. déi reglementaresch Basis fir d’Ausbezuele vun de 60 Euro pro Stonn un déi extern Mataarbechter vun der ENEPS?
- Eisen Informatiounen no ginn dës Mataarbechter allerdéngs pauschal remuneréiert. Kann den Här Minister dat confirméieren?
- Anscheinend déngt de Regierungsbeschluss vun 2001 och der Remuneratioun vun Traineren, déi am Beräich vun der ENEPS aktiv sinn. Kann den Här Minister dat confirméieren an, wa jo, déi betreffend gesetzlech a reglementaresch Basis uginn?