Rekord-Zuel Infizéierter am Kanton Esch: Firwat keng Präzisiounen?

De Moment lafe jo flächendeckend COVID-Tester am ganze Land. E Mëttwoch huet d’Regierung eng Grafik publizéiert no Kantoner. Do fält op dat de Kanton Esch mat 329 positiven Tester un der Spëtzt vum Land leit. An dësem Kontext stellen sech nach ëmmer eng Rei Froen. An zwar, zum Beispill, ob déi positiv Tester vun den Infizéierten verstreet festgestallt gi sinn, oder ob déi Rekord-Zuel op reegelrecht Infektiouns-Clusteren zréckzeféieren ass.

Deel dëse Post: