Referendumsprozedur: Kee Wieler ausschléissen wgl.!

Eng ganz Rei Lëtzebuerger Staatsbierger, déi offiziell op de Wallëschte fir d’Legislativwalen opgefouert sinn, halen sech am Ausland op. An enger dréngender parlamentarescher Fro wëll den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser gewuer ginn, wéi eng Efforten d’Gemengen – an Zesummenaarbecht mam Bausseministere – elo ënnerhuelen, fir och dës Wieler ze erreechen an ze sensibiliséieren, fir vun hirem Recht Gebrauch ze maachen, sech op der Gemeng anzeschreiwen an domat e Referendum iwwert d’Verfassung ze fuerderen.

Deel dëse Post: