Referendum: Nee vun der Majoritéit… fir eng fair Debatt

Bei de Froen zum Referendum vum 7. Juni 2015, a besonnesch wat d’Fro iwwert d’Auslännerwalrecht betrëfft, geet net an alle Gemengen eng fair Debatt zougelooss: d’Vertrieder vum Nee gi guer net agelueden, oder däerfen hiert Informatiounsmaterial net am Sall verdeelen!

Dëst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser duerzou bruecht, en Motioun an der Chamber ofzeginn, an där gefuerdert gëtt datt ëffentlechen Instanzen, wéi Gemengen a Schoulen, bei der Organisatioun vun esou Debaten eng strikt Neutralitéit anhalen a fir e fairen an equilibréierten Dialog suergen.

Dës Motioun – ouni de leschten Tiret iwwert d’Erschaffe vun engem Gesetzprojet – ass vun der CSV an déi Lénk ënnerstëtzt ginn. Leider huet d’Majoritéit DP-LSAP-Déi Gréng de Sënn vun der Motioun net agesinn. D’Motioun ass mat 32 Neen zu 28 Jo-Stëmmen ofgeleent ginn.

Deel dëse Post: