Referendum: D’Kräiz an der Këscht gehéiert lénks!

„Jo oder Nee“, freet den normale Lëtzebuerger. An hie schreift dann och „Jo oder Nee“. Vu lénks no riets. Normal! Just beim Referendum e Sonnde gëtt de Wieler gefrot op hie fir d’Erofsetze vum Walalter op 16 Joer ass, Nee oder Jo? Fir d’Auslännerwalrecht, Nee oder Jo? Fir d’Limitéierung vun de Ministermandater, Nee oder Jo?

Eng Ongereimtheet méi bei dësem Referendum, vläit och de Versuch, d’Leit an d’Ier ze féieren a se ze manipuléieren, fir hiert Kräiz op der falscher Plaz ze maachen. Well et gëtt nëmmen eng Plaz, wou d’Kräiz higehéiert: lénks vun der Fro an d’Këscht vum Nee! Hoffentlech ass d’Schnouer vum Bläistëft an all Kabinn laang genuch!

Deel dëse Post: