Rechtsonsécherheet beim Bau: Proadrbréif vum Roy Reding!

Eng Regierung steet ënnert der Kontroll vum Parlament. Bei entspriechendem Demokratieverständnis misst si parlamentaresch Froen vun Deputéierten gewëssenhaft, komplett a séier beäntwerten a sief et nëmmen aus Respekt virun eisen Institutiounen. Dat ass net ëmmer de Fall, a grad wéinst esou engem Fall huet elo den ADR-Deputéierte Roy Reding an engem Bréif schaarf beim Chamberspresident Mars di Bartolomeo proadréiert.

E Wunnengskaf ass keng kleng Affär. Fir jonk Koppelen, déi sech dacks op 30 Joer an d’Schold geheien, geet et esouguer em hir ganz Existenz. Dat schéingt awer d’Regierung net ze stéieren. De Roy Reding hat eng parlamentaresch Fro gestallt, genee am Kader vum Wunnengsbau. Wann een eppes keeft, ier et fäerdeg gebaut ass (“en état futur d’achèvement”), kritt ee ganz legal eng “Garantie futur achèvement”. Déi däerf awer nëmme vun enger Bank oder Spuerkeess sinn, och wann eben an der Praxis dacks Versécherungsgesellschaften dat maachen.

De Roy Reding wollt do Kloerheet, mä d’Äntwert vum Justizminister Felix Braz a vum Finanzminister Pierre Gramegna behandelt déi zwee Kärpunkte vun senger parlamentarescher Fro iwwerhaapt net. Net beäntweren de Felix Braz an de Pierre Gramegna d’Fro, op dat legal ass, datt Versécherungsgesellschaften esou Garantie stellen. Och net beäntwert gëtt d’Fro, op Notairen esou Acten (mat Versécherungsgesellschaften als Garant) iwwerhaapt däerfe maachen. Grond fir den ADR-Deputéierten, an engem Bréif un de Chamberspresident ze reklaméieren an eng seriö Äntwert op seng Fro ze verlaangen.

Deel dëse Post: