Wéi eng rechtlech Problemer stelle sech am Kontext vu Mënschen, déi véier oder fënnef Nationalitéiten hunn? Dat wëll de Fred Keup vun der Justizministesch wëssen.
Fro:
Vill Leit am Grand-Duché hu méi wéi eng Nationalitéit.
An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister gäre follgend Froe stellen:
- Kéint d’Madamm Minister eng detailléiert Opstellung vun der Zuel vu Leit liwweren, déi aktuell am Grand-Duché mat duebeler, dräifacher, véierfacher Nationalitéit oder méi liewen? Wéi huet sech dës Zuel an de leschte Joren entwéckelt?
- Gesäit d’Regierung eventuell rechtlech Problemer bei véierfacher oder fënneffacher Nationalitéit? Wa jo, wéi eng Problemer sinn dat?
- Sinn der Regierung Fäll vu Mëssbrauch vun der Nationalitéitsprozedur bekannt, bei deenen d’Nationalitéit nëmme fir perséinlech oder finanziell Virdeeler ugefrot gouf?