Realismus virun Ideologie w.e.g.!

A senger Interventioun vum 20. Juni mécht de Fernand Kartheiser däitlech, datt Lëtzebuerg seng Klimaziler mat héijer Wahrscheinlechkeet net erreeche wäert. Iwwerhaapt géif eise gréng Kollegen beim Thema Klimaschutz eng gutt Portioun méi Realismus net schueden. Och scheinbar klimafrëndlech Initiativen, ewéi d’Verbrenne vu Pellets, sinn op den zweete Bléck guer net esou klimafrëndlech: Palmuelech, eng héich Feinstaubbelaaschtung an d’Zerstéiere vu wäertvollem Tropebësch – all dat si Realitéiten, déi déi eis Regierung manner ze intresséiere schéngen.

Deel dëse Post: